Harmonie Municipale Mondorf-les-Bains

D’ Fanfare Mondorf gouf den 21. November 1920 gegrënnt. Siwe Joer méi spéit, de 15. Juli 1927, hunn d ‘Bierger vun Altwis och eng Museksgesellschaft gegrënnt.

Fir Joerzéngten hunn déi zwou Gesellschaften Héichten an Déiften erlieft. Am Réckbléck kann een awer ervir hiewen datt si ni mat hiren Aktivitéiten opgehalen hunn. Et waren ëmmer erëm Leit do deenen hir Veräiner um Häerz louchen an déi se mat vill Wëllen an Asaz nei opgeriicht a mat Erfolleg no vir bruecht hunn.

Déi zwou Gesellschaften hunn zu der Expansioun vun Kultur an Gesellschaftsliewen an den zwou Lokalitéiten bäigedroen. Si hunn déi vill lokal Feierlechkeeten verschéinert an hunn hiert Talent op musikaleschen Concoursen souwuel hei am Land wéi am Ausland bewisen.

Op enger memorabeler Reunioun, de 27. September 1977 huet d’ Majoritéit fir d’ Fusioun vun den zwou Fanfaren Altwis a Munneref gestëmmt, eng Fusioun déi nei Horizonter opgemaach huet.

Den Här Roby Lohr, Militärmuseker, war 1978 den éischte Dirigent vun der Fanfare Mondorf-Altwies. Wärend zwielef Joer huet de Roby Lohr eis Gesellschaft mat grousser Kompetenz dirigéiert. Säi grousse Verdéngscht war et, zwou Gesellschaften zu enger harmonescher Grupp vu jonke Museker ze verschweessen.

De 4. Mee 1990, am Casino 2000, huet den Här Roby Lohr säi leschte Concert dirigéiert an den neie musikaleschen Direkter, den Här Olivier Gravier, ass dem Publikum virgestallt ginn.

Mat dem Chef Olivier huet eng nei Ära fir eis Gesellschaft ugefaangen. No enger kuerzer Zäit vun Akklimatiséieren huet den Olivier d’ Museker ëmmer méi mat musikalesche Wierker vu klassesche Komponiste konfrontéiert. Duerch seng Iwwerzeegung an säin Duerchhalverméigen huet dës musikalesch Literatur bedeitend zu der Verbesserung vun der musikalescher Qualitéit vun eiser Gesellschaft bäigedroen.

Den 1. Juni 2000 um UGDA Concours zu Rodange huet d’Fanfare Mondorf-Altwies e „Grand Premier Prix“ gewonnen a gouf an d‘“Divisioun Excellence“ klasséiert.

Mat de Joren ass d’ Zuel vun den Holzbléiser stänneg gewuess an schlussendlech huet d’ Zesummesetzung vum Orchester – Holzbléiser, Blechbléiser, Perkussioun – méi enger Harmonie entsprach wéi enger Fanfare.
Sou ass den 12. Abrëll 2003 d’Harmonie Municipale Mondorf-les-Bains a.s.b.l. a Fortsetzung vun der Fanfare Mondorf-Altwies entstanen.

De Sonndeg, 12. Mee 2013 huet d’Harmonie um europäeschen Concours fir Harmonieorchester an der Philharmonie zu Lëtzebuerg matgemaach a krut en 1. Präis mat Auszeechnung.

De 14. Juli vum selwechte Joer huet d’Harmonie eng Goldmedail um World Music Contest (WMC) zu Kerkrade (NL) gewonnen.

Haut kënne mir houfreg behaapten datt eis Museksgesellschaft, mat 88 aktiven Memberen, zu de beschten aus der Regioun zielt. Si huet d’ Gemeng Munneref ëmmer mat Dignitéit souwuel heiheem wéi och am Ausland representéiert.