D’Feierlechkeeten fir den 100. Anniversaire vun der „Harmonie Municipale Mondorf-les-Bains“ haten dëst Joer mam Neijoerschconcert den 10. Januar, der Akademescher Sëtzung den 6. Mäerz an dem Concert vun KMKJWF den 7. Mäerz erfollegräich ugefaangen.

Leider goufe se vun der Corona Pandemie ënnerbrach. All kulturell a musikalesch Evenementer goufen bis den 31. Juli annuléiert.

Den Organisatiounscomité huet elo decidéiert all programméiert Evenementer bis Enn dëst Joer ze annuléieren an op 2021 ze verréckelen.

Déi folgend Concerten si scho fir 2021 geplangt :

  • „Neijoerschconcert“ vun der HMMLB – den 8. Januar 2021 am Casino 2000;

  • „Fréijoersconcert“ vun der HMMLB – den 2. Abrëll 2021 am Casino 2000;

  • Benefizconcert vum „Musikkorps der Bundeswerhr“ – den 4. Mai 2021 am Casino 2000;

  • „Gëlle Fraen “ – den 16 Mai 2021 an der „Orangerie“ vum Domaine Thermal;

  • Galaconcert vun der „MilitärMusek“ – den 19.05.2021 am Casino 2000;

  • „Federspiel“ – den 11. Juni 2021 am Casino 2000;

  • „Glenn Miller Orchestra“ – den 26. Juni 2021 am Casino 2000;

  • „Trio Aurora“ – den 18. September 2021 am Bierger-a Kulturhaus;

  • „Brass Band“ vum Escher Conservatoire – den 17. Oktober 2021 am Sall „Aal Thermen“ am Domaine Thermal.

All Entréesbilljeeën, déi scho bezuelt goufen, bleiwe fir d’nächst Joer valabel.

D‘Aweiung vum neie Fändel fënnt mat der Cecilienfeier vun der Harmonie am November 2021 statt.

D’Jubläumsbuch mat engem Réckbléck op all d‘Feierlechkéeten erschéngt eréischt am Joer 2022.